Joe TheinDéi Konservativ - den Ex-ADR-Politiker a seng eege Partei

Nom Ausschloss aus der ADR huet de Joe Thein elo seng eegen Partei gegrënnt.

Leschten Update: 22.03.2017, 16:16:43

© Facebook "Déi Konservativ"

Wéinst enger Rëtsch vun Iwwerschreidungen ass de Joe Thein eréischt viru Kuerzem geflunn. Net fir d’Läscht och wéinst engem schlecht placéierte Like op Facebook.

Kuerz no sengem Ausschloss huet de jonke Politiker dann ugekënnegt seng eege Partei ze grënnen. Dat huet sech elo konkretiséiert: „Déi Konservativ“ soll se heeschen.

Den Numm ass dann och Programm: D’Partei soll op konservativen a patriotesche Prinzipie opgebaut ginn, sou heescht et an den Statuten vun der Asbl déi d'Grënnung vun der neier Partei encadréiere sollen.





D'Statute vun "Déi Konservativ"
Communiqué vun der Partei

© Facebook "Déi Konservativ"

Hei geet et op d'Facebook-Säit vun der nei gegrënnter Partei

Pressematdeelung

21.03.2017

Eng nei Partei ass gebuer.
D’Partei „déi Konservativ“ huet d’Freed, fir d’Medien an d’Press iwwert hir Grënnung, den 21.

Mäerz 2017, z’informéieren.

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a foussend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat, a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, eng nei politesch Partei gegrënnt.

„déi Konservativ“ versti sech, getrei hire Statuten, als Partei op konservativer a patriotescher Grondlag, an hu mat hirem rechtleche Status, elo hir offiziell politesch Plaz a Legitimitéit an der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Et ass och gläichzäiteg eng Partei, déi sech dem Mainstream an der politescher Korrektheet entgéint stellt, a sech am vollsten Asaz fir d‘politesch Alternativen am Land engagéiert. „déi Konservativ“ ass eng nei politesch Chance! Getrei dem Papp vum Konservatismus, dem Edmund Burke dee soot, “when bad men combine, the good must associate; else they will fall one by one, an unpitied sacrifice in a contemptible struggle.”

D’Grënnungsversammlung vum 21. Mäerz 2017 huet e geschäftsféierende Virstand ernannt, mat ënner anerem, dem Joe Thein als Nationalpresident, dee bis zum éischten offiziellen an aussergewéinleche Nationalkongress den 10. Abrëll um 19h00 zu Rodange, d’Parteileedung vertrëtt. D’Partei wäert zu engem spéidere Moment, all weider Informatioune bekannt maachen.

gezeechent, déi Konservativ

Links