Uschlag op BVB-BusBVB Trainer kritiséiert d'UEFA

Virum Champions League Match tëscht dem BVB a Monaco sinn 3 Bommen explodéiert, e Spiller an ee Polizist goufen blesséiert. Eng Persoun gouf festgeholl.

Leschten Update: 13.04.2017, 15:18:04

© AFP/Patrik STOLLARZ

Schock virum Véirelsfinall-Match an der Champions League tëscht Borussia Dortmund an dem AS Monaco.

Um Dënschdeg den Owend sinn 3 Sprengsätz zu Dortmund op der Strooss, beim Equippebus vun de Spiller vum BVB explodéiert, wéi dësen um Wee fir an de Stadion war. D'Wucht vun den Detonatioune war sou staark, dass ënnert anerem d'Scheiwe vum Bus zerspronge sinn. D'Sprengsätz déi beim Bus explodéiert sinn, waren den Ermëttler no an enger Heck verstoppt. Wien se do plazéiert huet, an ëm wéi eng Aart vu Sprengsätz et sech gehandelt huet, ass nach onkloer.

© Carsten LINHOFF / dpa / AFP


Dobäi gouf de Verteideger Marc Bartra, e Spiller aus Spuenien un der Hand an um Aarm blesséiert a koum an d'Spidol. Do dernieft gouf och e Polizist verwonnt, deen den Equippebus um Motorrad eskortéiert huet. Riets ass vu Knalltrauma a Schock.

D'Partie gouf ofgesot an op e Mëttwoch den Owend 18h45 verréckelt.

© Patrik STOLLARZ / AFP


© Odd ANDERSEN / AFP


Fir d'Fans am Stadion selwer hat ni eng Gefor bestanen, sou d'Police.





Och no der Pressekonferenz um Mëttwoch de Mëtteg, wou d'Bundesanwaltschaft jo déi neisten Erkenntnisser presentéiert huet, ass d'Motiv vun der Dot nach ëmmer onkloer. Allerdéngs stinn elo 2 verdächteg Persounen aus dem islamistesche Milieu am Fokus vun den Ermëttlungen. D'Wunnenge vu béide Persoune goufen duerchsicht, eng Persoun gouf festgeholl. Et geet ee bei der Police mëttlerweil och vun engem terroristeschen Hannergrond aus, ouni allerdéngs ze wëssen op dat ganzt islamistesch motivéiert war. 

Am ganze goufen dann 3 Bekennerschreiwe fonnt, wou ënnert anerem Fuerderungeng dra stinn. Hei gëtt vum Zoumaache vum Fluchhafe Rammstein an dem Ofzéie vun Tornado-Jetten aus Syrien geschwat. Un der Echtheet vum Bekennerschreiwe vun enger lénksextremistescher Beweegung zweiwelt d'Police mëttlerweil.
Lauschtert hei de komplette Reportage zu dëser Pressekonferenz

Weider betount d'Bundesanwaltschaft, dass d'Spiller vum BVB enormt Gléck haten, well e Metallstëft am Sëtz vum Bus fonnt gouf. D'Sprengkraaft vun den Detonatioune sollen e Radius vu gutt 100 Meter gehat hunn. 



De Weltfussballverband FIFA an déi europäesch Fussballsunioun UEFA hunn d'Attack op den BVB-Bus schaarf veruerteelt. D'Decisioun de Match de verréckele wier richteg gewiescht, well d'Sécherheet ëmmer un éischter Plaz muss stoen, esou den FIFA-President Infantino.

Lauschtert hei d'Reportage:



Nom Match tëscht Dortmund a Monaco deen um Mëttwochowend nogeholl gouf, huet den BVB Trainer Thomas Tuchel d’UEFA kritiséiert. Him no hätt ee sech méi Zäit gewënscht fir d’Attack ze verschaffen. Den Thomas Tuchel:

D’UEFA beschreift den Oflaf wéi d’Decisioun gefall ass allerdéngs anescht. D’Entscheedung gouf deemno en Dënschdeg den Owend an engem Meeting am BVB Stadion zu Dortmund tëscht der UEFA, den Vertrieder vu béid Equippen an den lokalen Autoritéite getraff.

© uefa.com

Dee Mann dee no der Sprengstoff-Attack op den Equippe-Bus vu Borussia Dortmund festgeholl gouf, huet näischt mam Attentat ze dinn. Dat huet d’Bundesanwaltschaft dann en Donneschdeg de Muere matgedeelt. Géint den 26-järegen Iraker gouf awer ee mandat d’arrêt ausgeschwat, dat wéinst aneren Doten, esou d’Autoritéiten.