Lycée ClassiqueManner schrëftlech a mëndlech Exame vun nächster Rentrée un

Vun nächster Rentrée un wäerten et Ännerunge bei de Premièresexame ginn. Ënnert anerem ginn et manner Examen an dës kënne méi flexibel gestalt ginn.

Leschten Update: 14.04.2017, 05:40:31

© Eldoradio

Vun der nächster Rentrée un ginn et am Lycée Classique manner Fächer am Premièresexamen. Et wäerte just nach 6 schrëftlech Exame ginn.

"Langues et Mathématiques", do wäerten et 2 Exame ginn.

"Spécialisation"
, 3 Examen.

"Formation générale", 1 Examen.

De Schüler kann e Choix bei Sproochen, Mathe a "Formation générale" maachen. Da wäerten et dann och nach just zwee Orale ginn.

Vun der Rentrée 2018-2019 un wäerten et och Ännerungen am Lycée Technique fir den 13ième-Exame ginn. Präzisioune goufen et heizou awer nach keng. 

© Eldoradio


Lauschtert hei de komplette Reportage