Op engem Schantjen an der StadMënschlech Iwwerreschter goufe gebuergen

Dat mellt Police en Mëttwoch. d'Decouverte gouf en Dënschde gemaach. Wéi al d'Schanke sinn weess een nach net.

Leschten Update: 13.04.2017, 14:35:44

En Skelett, deen bei enger Ausgruewung am Libanon entdeckt gouf.© JOSEPH EID / AFP

D’Police mellt eng aussergewéinlech Decouverte op engem Schantjen an der Stad en Dësnchden.

Wéi et heescht, haten Aarbechter d’Iwwerreschter vun engem Mënsch ausgegruewen.

Éischten Erkenntnisser no, louchen d'Schanken schonn länger Zäit ënnert dem Buedem.

En Deel vum Buedem, deen op eng Deponie zu Déifferdeng bruecht gi war, gouf en Mëttwoch mat Hëllef vun der däitscher Police an engem Hond weider duerchsicht.

Wéi et heescht, hat ee näischt fonnt. Wéi al d‘Schanke sinn ass nach net gewosst.

Eng Enquête gouf ageleet.