Tréierer A1Camion kippt ëm a verléiert seng Charge

Accident mat engem blesséierte Camionschauffeur, dat op der A1 a Richtung Stad. D'Autobunn ass tëscht dem Potaschbierg a Fluessweller gespaart.

Leschten Update: 19.04.2017, 16:20:24

© Police

Wéinst engem Accident op der A1 a Richtung Stad tëscht dem Potaaschbierg a Fluessweller ass d’Autobunn op dëser Streck fir den Ament gespaart.

Wéi d'Police matdeelt, wollt de Camionschauffer sech, 500 Meter virun der Opfahrt Fluessweller, no engem mëssgléckten Iwwerhuelversuch nees an déi riets Spuer areien an hat awer en Auto iwwersinn. 

De Mann hat dunn versicht dem Auto aus dem Wee ze goen, hat dobäi awer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, war ëmgetippt an an de Bësch gerutscht. De Camion hat beim Accident seng Charge verluer, déi aus eidele Glasfläsche bestanen huet.

Wéi et heescht, kéinten d'Opraumaarbechte méi laang undaueren.

© RTL/Domingos Oliveira


© Police


© Police


© Police