No Evakuatioun Baumaart zu Beetebuerg ass nees op

D'Direktioun hat de Baumaart bei Beetebuerg evakuéieren gelooss, wéi et heescht hat eng Persoun ugeruff an menacéiert d'Gebai an d'Loft ze sprengen.

Leschten Update: 21.04.2017, 11:11:33

© RTL/ Domingos Oliveira

Wéi d’Police iwwer Twitter matdeelt, gouf zu Beetebuerg géint 11h30 e Baumaart evakuéiert.

Wéi et heescht huet Direktioun d’Gebai komplett geraumt an d’Leit gebieden d’Raimlechkeeten ze verloossen.

D'Police huet eis confirméiert, dass d'Direktioun en Appell erreecht hat an deem eng onbekannt Persoun sot dass se eng Bomm am Baumaart verstoppt hätt.

Nodeems d'Gebai vun de Beamten duerchsicht gouf an een näischt fonnt hat, huet d'Direktioun géint 13h00 d'Geschäft nees opgemaach. 

Eng Enquête gouf ageleet.

Wéi et heescht, hat d'Personal awer refuséiert d'Aarbecht nees opzehuelen. Dofir huet een de GSP (groupe de support psychologique) vun der Protex op d'Plaz geruff.

© RTL/ Domingos Oliveira