Terrorattack zu ParäisE Polizist stierft bei enger Schéisserei

En 39 Joer ale Fransous huet op de Champs Elysées op Polizisten erschoss. 3 Persoune goufe blesséiert, e Polizist an hie selwer koumen ëm d'Liewen.

Leschten Update: 21.04.2017, 15:31:34

© THOMAS SAMSON / AFP

Nëmmen 3 Deeg virun de franséische Presidentschaftswalen, gouf Frankräich alt erëm Affer vun engem Uschlag, dës Kéier geziilt géint Polizisten. Geschitt ass dat ganzt gëschter Owend op de Champs-Elysées zu Paräis.



En 39 Joer ale Mann, deen den Ermëttlerkreesser bekannt war, ass niewent e Policewon gefuer, erausgeklommen, an huet mat engem automatesche Gewier op d’Beamte geziilt geschoss. Dobäi koum ee Polizist ëm d’Liewen, zwee weiderer goufe blesséiert an och eng Touristin soll blesséiert gi sinn, heescht et säitens der Noriichtenagence AFP.






Den Täter selwer, e Fransous, gouf doropshin erschoss. Wéi et weider heescht, hätt den IS sech schonn zu der Dot bekannt. Ënnert anerem de François Fillon oder d'Marine Le Pen, déi um Donneschdeg den Owend an der Géigend Walkampfoptrëtter geplangt haten, hunn wéinst dem Virfall ofgesot.
© FRANCK FIFE / AFP

Um Freideg soll et fir de verstuewene Polizist eng Gedenkminutt ginn.