Attack op BVBPresuméierten Täter sëtzt an Untersuchungshaft

Wéi et aus Ermëttlerkreesser heescht, wollt de Mann sou vill Spiller wéi et geet ëmbréngen a blesséieren, fir dass esou d'BVB-Aktien falen.

Leschten Update: 23.04.2017, 08:01:27

© AFP / Norbert SCHMIDT / AFP

Annerhallef Woch no der Bommenattack op de Veräinsbus vum Fussballclub Borussia Dortmund, mellt de "Spiegel", dass Spezialunitéiten e presuméierten Täter zu Baden-Württemberg konnte festhuelen.

Zënter enger Woch sollen d’Autoritéiten den 28 Joer ale Mann aus der Géigend vun Tübingen observéiert hunn. Wéi et heescht soll d’Motiv bis ewell eenzegaarteg sinn.

De Mann wollt nämlech, esou d’Ermëttler, esou vill Spiller vum BVB ëmbréngen oder blesséieren, fir dass esou d’Aktië vum BVB an de Keller falen.  Wéi et heescht, hätt de Mann och bewosst falsch Bekennerschreiwe publizéiert, vir vun him selwer ofzelenken.

Wéi et heescht, soll net méi geschitt si bei der Attack, well ee Sprengsaz, an zwar dee wichtegsten, ze héich iwwert dem Buedem detonéiert war.

Wéi d'Bundesanwaltschaft zu Karlsruhe en Freidenowend matgedeelt huet, sëtzt de Mann an Untersuchungshaft.