RusslandZeugen Jehovas goufe verbueden

Déi reliéis Communautéit gouf a Russland vum héchste Geriicht verbueden a muss sech souguer am Land komplett opléisen.

Leschten Update: 21.04.2017, 15:34:36

© Vasily MAXIMOV / AFP

D'Zeugen Jehovas, déi ee jo och zu Lëtzebuerg kennt, goufen elo a Russland vum Héchste Geriicht verbueden. D’Communautéit misst elo hir Zentral zu St. Petersburg a bal 400 Verbänn komplett opléisen, esou d’Riichter.

Och d’Kapital vun der Reliounsgemeinschaft soll agezu ginn. Wéi et wieder heescht, géifen d’Zeugen Jehovas als extremistesch aklasséiert ginn, déi eng Gefor fir d’Bierger duerstellen, esou de russesche Justizministère.

Vertrieder vun den Zeugen Jehovas a Russland hu schonn annoncéiert mam Fall virun den europäesche Geriichtshaff ze goen.