ZeienopruffKreditkaart geklaut an um Wandhaff domat akaaft

D'Police sicht no 2 Männer déi Ufank August 2016 eng Kreditkaart geklaut haten. All Informatioun ass fir d Police vun Esch.

Leschten Update: 22.04.2017, 07:29:17

© Police

An der Nuecht vum 5. op de 6. August 2016 gouf eng Kreditkaart aus enger Fra hirer Posch geklaut. Dat an enger Wiertschaft an der Stad. D’Beamte ginn dovun aus, datt et sech bei den Täter ëm 2 Männer handelt, déi deen Dag och op der Plaz waren.

De 7. August haten déi Onéierlech da mat der Kaart op der Tankstell vum Wandhaff bezuelt a goufen dobäi vun den Iwwerwaachungskamera gefilmt.

Fir d’Identitéit vun de Männer z’ermëttelen appelléiert d'Police un d'Hëllef vun de Bierger. Wien d’Männer erkennt soll sech bei der Police vun Esch ënnert dem 4997-5500 mellen.