Police sicht no ZeienJonk Fra gëtt am Park belästegt an attackéiert

Ufank vum Joer koum et am Stater Park zu engem Tëschefall bei deem eng jonk Fra vun engem Mann belästegt an attackéiert gouf.

Leschten Update: 22.04.2017, 08:05:52

© eldoradio

Dat ganzt huet sech Enn Januar/Ufank Februar zougedroen.

Eng eeler Damme, déi mat hirem Weenchen ënnerwee war gouf dem Affer no, Zeie vun der Attack.

Déi jonk Fra war awer eréischt den 20. Abrëll bei d'Police gaangen.

Police sicht an dësem Kader no engem Mann dees zu dëser Beschreiwung passt:

" Ein junger Mann Mitte 20
" Französisch sprechend mit einem Akzent
" Zirka 1,80 M. groß 
" War mit einem Jogginganzug und einer Baseballcap bekleidet

Donieft gëtt och no der eelerer Damme gesicht, déi d'Dot gesinn huet. Si hat deemols en roude Mantel un a soll 60 Joer al sinn.

Déi eeler Damme an all aner Zeien si gebieden sech bei der Police an der Stad ënnert dem 4997-4500 ze mellen.