Europa League/ Champions LeagueAuslousunge vun den Halleffinallen

Dorënner kënnt et an der CL zu engem spueneschen Derby tëscht Real an dem Atletico.

Leschten Update: 22.04.2017, 07:42:28

© RICHARD JUILLIART / AFP

Zu Nyon an der Schwäiz goufen en Freiden de Mëtten d'Allers- a Retourmatcher vun den Halleffinallen an der Champions League ausgeloust. Real Madrid trëfft op Atletico Madrid an Monaco spillt géint Juve.

D’Allersmatcher sinn den 2 an 3. Mee. Den 9. an 10. Mee sinn et dann d'Retourmatcher.

D'Finall gëtt den 3. Juni zu Cardiff am waliseschen Nationalstadion "Principality Stadium" gespillt. De Gewënner aus dem Match Monaco – Juve huet dann Heemrecht fir d'Finall.

Och an der Europa League goufen d'Matcher vun der Halleffinall ausgeloust. Ajax trëfft op Lyon a Celta op Manchester United.

D'Allersmatcher sinn de 4. Mee an d'Retourmatcher den 11. Mee. D'Finall gëtt den 24. Mee zu Stockholm gespillt.