Terrorattack op de Champs-ElyséesEn Belsch huet sech der Police gestallt

A wéi engem Zesummenhang de Mann mat der Dot ze bréngen ass gëtt et elo erauszefannen.

Leschten Update: 23.04.2017, 08:01:33

© PHILIPPE LOPEZ / AFP

No der Attack op Polizisten en Donneschden Owend op de Champs-Elysées, huet sech en 35 Joer ale Belsch der Police gestalt, esou e Spriecher vum franséischen Inneministère haut.

Bei enger Perquisitioun a sengem Doheem haten d'Beamte Waffen, Cagoulen an en Zuchticket fir a Frankräich vun en Donneschde fonnt.

De Mann huet dobäi dee selwechten Numm wéi déi Persoun, déi den IS-Propagandasengder "Amaq" als Täter genannt hat. Den Amaq hat vum Abu Yussef "dem Belsch" geschwat.  Ob et sech ëm déi selwecht Persoun handelt hunn d'Enquêteuren net confirméiert.

Beim Mann deen d'Attack duerchgefouert hat, handelt et sech awer ëm en 39 Joer ale Fransous.

De Fransous koum bei der Dot ëm d’Liewen. Hien hat ee Polizist erschoss an 2 weider Beamten, wéi och eng Touristin blesséiert.