CR 1666 deels uerg Blesséierter tëscht Keel a Schëffleng

Zwee Gefierer kruten sech um Sonndeg den Owend op der Streck tëscht Keel a Schëffleng frontal ze paken. 3 Persoune goufe schlëmm blesséiert.

Leschten Update: 09.05.2017, 05:32:53

© CI Schifflange

Ganz uerg war dann en Accident um Sonndeg Owend géint 20 op 6, dat um CR 166, der Streck wann ee vu Keel a Richtung Schëffleng ënnerwee ass.

© CI Schifflange

E VW Golf deen aus Keel a Richtung Schëffleng ënnerwee war, ass frontal mat engem Audi kollidéiert, deen dësem entgéint koum.
© CI Schifflange

Déi 5 Persounen am VW goufen deels ganz schlëmm blesséiert, de Chauffeur deen ageklemmt gouf, huet misste vun de Rettungsequippen aus dem Gefier erausgehollef kréien. D’Streck gouf während den Opraumaarbechte fir den Trafic komplett gespaart.
© CI Schifflange

Am ganze goufen 3 Persoune ganz schlëmm blesséiert, 3 weiderer méi liicht. 
© CI Schifflange

© CI Schifflange

© CI Schifflange

© CI Schifflange

© Police