"Keen Handy op der Strooss"Vun e Méindeg un kontrolléiert d'Police verstäerkt

Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne "Keen Handy op der Strooss" wäert d'Police bis den 21. Mee nach mat verstäerkt dëst kontrolléieren.

Leschten Update: 09.05.2017, 07:41:12

© JOHN MACDOUGALL / AFP

Um Méindeg fänken déi schonn am Virfeld annoncéiert verstäerkte Policekontrollen am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne vum Nohaltegkeetsministère un.

Bei dëser Campagne geet et jo drëms, d’Leit méi op d’Thema telefonéiere während dem Autofueren opmierksam ze maachen. Awer och d’Schreiwe vun SMS’en oder nëmmen d’Liesen dovunner, lenkt den Automobilist vun der Strooss of a provozéiert doduerch potentiell Accidenter.

Gëtt ee mam Smartphone am Grapp erwëscht, muss ee bis zu 145€ Strof bezuelen a verléiert 2 Punkten um Permis.

D’Aktioun leeft wéi gesot um Méindeg un an dauert nach bis den 21. Mee mat. 


- Art. 170 bis 01: Inobservation par le conducteur d'un véhicule de l'interdiction de porter un dispositif entravant la bonne perception des bruits de la circulation (24€)
- Art. 170 bis 02: Utilisation d'un équipement téléphonique à usage du conducteur qui n'est pas fixé solidement dans le véhicule ou intégré au casque de protection (145€ - 2p.)
- Art. 170 bis 03: Fait pour le conducteur utilisant un équipement téléphonique de lâcher le volant ou le guidon d'une main autrement que pour les opérations de mise en service ou d'arrêt de cet équipement, dès que le véhicule conduit est en mouvement (145€ - 2p.)