IndonesienAwunner entdeckt Kadaver vu mysteriéiser Kreatur

Ëm wat fir en Déier et sech handelt weess nach keen. Mieresbiologe ronderëm d'Welt si baff.

Leschten Update: 14.05.2017, 18:54:40

© youtube.com

Op der indonesescher Insel Seram ass de Kadaver vun enger riseger Kreatur un d’Côte gespullt ginn.

Aenzeien schwätze vun engem 15 Meter laangen Béischt. Ëm wat fir eng Kreatur et sech genee handelt ass net kloer.

Verschidde Medie schwätze vun engem Oktopus oder souguer vun engem Delfin. Aussergewéinlech ass, datt d'Déier och en Pelz soll hunn. Lokal Mieresbiologen huelen awer un, datt et sech ëm en Wal handelt deem säi Kadaver schonn zum deel staark verfault ass.


Et ass net déi éischte Kéier datt en Déierekadaver vun enger onbekannter Spezies un d'Côte gespullt gouf. Am Juli 2015 gouf en Kadaver un der russescher Ostküst entdeckt deen ausgesinn huet wei en grousse Villchen ouni Flilleken.

© youtube.com