Falsche Polizist ënnerweeMat Gewalt huet de Mann probéiert a Wunnengen ze kommen

Op 2 Plazen zu Diddeleng goufen der Police e Mann gemellt, dee franséisch geschwat an sech als Polizist ausginn huet.

Leschten Update: 18.05.2017, 16:34:04

© Eldoradio

Direkt e puer Fäll vu falsche Poliziste mellt d’Police eran. Um Mëttwoch de Muere géint kuerz no 9 gouf de Beamten zu Diddeleng a Mann gemellt, deen sech virun enger Wunneng als Polizist ausginn huet.

Dat an der rue de Hellange. Hien huet eng Aart Visittekaart gewisen an huet op franséisch gefrot kënnen an d’Wunneng ze komme fir Froen ze stellen.  D’Dame déi d’Dier opgemaach huet, huet richteg reagéiert, nämlech uginn, dass d’Beamten zu Lëtzebuerg géife lëtzebuergesch schwätzen, d’Dier zou gemaach an d’Noutruffzentral verstännegt.

Puer Stonnen drop huet wahrscheinlech dee selwechte Mann dës nach eemol probéiert, dës Kéier an der rue Schiller. Och hei gouf de Mann net eragelooss, obwuel dëse bal mat "Force" probéiert huet eranzekommen. Eng Enquête gouf ageleet, ass bis ewell awer nach ouni Succès verlaf.