NiedersachsenE Bouf vun 3 Joer wollt seng Schwëster mam Auto siche goen

Kuerz war en Trip vun engem Jong aus Niedersachsen... Den 3 Joer ale Bouf ass mam Auto fortgefuer, allerdéngs war d'Tour beim Noper eriwwer.

Leschten Update: 18.05.2017, 16:34:02

© DAMIEN MEYER / AFP

Gutt gemengt, mee komplett schief gaangen war dann e kuerzen Autostour a Niedersachsen.

E Bouf vun nëmmen 3 Joer huet nämlech wollten seng Schwester aus der Schoul siche goen, kuerzerhand d’Autosschlësselen geklaut, sech hannert d’Steier gesat a fort gefuer.

Wéi d’Police matdeelt, wier dat ganzt gutt gaangen, bis bei de Noper, do wier de Jong mam Gefier an en Gaardenzong gerannt.

De klengen Automobilist vun wéi gesot eréischt 3 Joer, ass dobäi glécklecherweis net blesséiert ginn.