Neonazien e Samschdeg zu LëtzebuergD'Escher Gemeng gëtt awer keng Autorisatioun

Wéi et op der Facebooksäit vum "Nationaler Widerstand Zweibrücken" heescht, géif een de Concert vun de Söhne Mannheims fir eng "Mahnwache" notzen.

Leschten Update: 19.05.2017, 11:24:28

© Facebook Nationaler Widerstand Zweibrücken

Wéi et op der Facebooksäit vum "Nationaler Widerstand Zweibrücken" an Däitschland heescht, wéilt ee gären eng sougenannte „Mahnwache“ zu Lëtzebuerg organiséieren, dat am Kader vum Concert e Samschdeg vun de Söhne Mannheims an der Rockhal.

Wéi et heescht gëllt dës Gedenkmanifestatioun dem däitschen Neonazi Horst Mahler, deen an Ungarn festgeholl gouf.

Wéi et weider heescht géif een sech besonnesch op Lëtzebuerg freeën, well Leit wéi de Premier Xavier Bettel, den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den Ausseminister Jean Asselborn, d’Meenungsfräiheet géifen héichhalen.

De Söhne Mannheims gëtt jo an der lescht Rietsradikalismus virgehäit.

Wéi de Frank Stoltz op Nofro vun Eldoradio confirméiert huet, gouf et en Donneschdeg och effektiv eng Demande bei der Gemeng Esch, fir dës "Mahnwache" dierften duerchzeféieren, allerdéngs gouf et hei eng negativ Äntwert vun der Escher Gemeng, dat ganzt ass also net autoriséiert. 

Sou oder sou, wäert d'Policepräsenz um Concert e Samschdeg awer do sinn, dat ganzt ass jo ausverkaaft. All Manifestatioun déi net autoriséiert ass, géif dann och opgeléist ginn, esou d'Police. 





Hei de Communiqué vun der Escher Gemeng:

Autorisation pour la manifestation „Marionetten legen unser Volk in Ketten: Freiheit für Horst Mahler!“ refusée

Esch-sur-Alzette, jeudi 18 mai 2017.

La Ville d’Esch-sur-Alzette tient à préciser que contrairement à ce qui a été relaté dans certains médias, aucune autorisation n’a été émise pour la manifestation intitulée „Marionetten legen unser Volk in Ketten: Freiheit für Horst Mahler!“.

En effet, une demande d’autorisation pour une manifestation qui devrait se tenir notamment sur la voie publique devant le Centre de musiques amplifiées Rockhal sis 5, avenue du Rock’n’Roll à Esch-sur-Alzette en date du 20 mai 2017, a été adressée à l’administration communale de la Ville d’Esch-sur-Alzette par courrier électronique.

Pour des raisons évidentes de sécurité et de maintien de l’ordre public, la Ville d’Esch-sur-Alzette s’est vue dans l’obligation de refuser la tenue de ladite manifestation sur l’ensemble du territoire eschois.

Au-delà de son obligation de garantir la sécurité et le maintien de l’ordre public, la Ville d’Esch-sur-Alzette, membre de la Coalition internationale des villes contre le racisme de l’UNESCO, tient à souligner que le sujet de la dite manifestation est absolument incompatible avec les principes de la Constitution du Grand-Duché du Luxembourg et les valeurs de la société luxembourgeoise dans son ensemble.