New YorkAmoklaf um Times Square war keen Terrorakt

Dësen Donneschdeg ass een Auto an eng Masse Leit um weltbekannten Time Square zu New York gerannt. 1 Doudegen an 22 Blesséierter!

Leschten Update: 20.05.2017, 08:27:39

© Twitter

Zu New York ass en Auto beim Time Square op den Trottoire gefuer an huet dobäi direkt e puer Leit erfaasst. 

Eng Persoun, eng Fra, koum ëm d'Liewen, 22 Persoune goufe blesséiert.

© Jewel SAMAD / AFP

De 26 Joer ale Chauffeur vum Auto gouf festgeholl a verhéiert. 

Wéi et heescht, géif et sech beim Mann ëm en Ex-Zaldot dréinen, deen an der Vergaangenheet der Police schonn opgefall ass, well hien ënnert Alkohol an Drogenafloss Auto gefuer ass. 





Wéi et dëse Freideg vun den Enquêteuren heescht, stoung de Mann méiglecherweis och während dem Amoklaf ënner Drogenafloss. Hien soll deemno eng als K2 oder „Spice“ bekannten Droge konsomméiert hunn.

Am Moment sinn déi genee Hannergrënn vum Accident nach net gekläert. D'Police vun New York schléisst awer en Attentat aus.

Dee schëllege Chauffeur gouf dëse Freideg Nomëtteg ugeklot ginn. Dee fréieren Zaldot muss sech wéinst Mord a versichtem Mord veräntweren.