SchwedenD'Enquête géint den Julian Assange gouf agestallt

No 7 Joer huet de schwedesche Parquet d'Ermëttlungen géint den Julian Assange wéinst Vergewaltegung agestallt.

Leschten Update: 20.05.2017, 17:25:28

© afp

De schwedesche Parquet huet d'Enquête géint de Wikipeaks –Grënner Julian Asange agestallt. D’Uklo wéinst Vergewaltegung gëtt deemno fale gelooss. Den Assange hält sech zanter 5 Joer zu London an der ecuadorianescher Ambassade op, fir enger Ausliwwerung u Schweden an dann eventuell un d’USA ze verhënneren. Hei riskéiert hien, wéinst Enthüllungen vu senger Plattform Wikileaks veruerteelt ze ginn.

Scotland Yard huet dëse Freideg iwwerdeems ugekënnegt, dasss een den Julian Assange verhafte géing, wann hien d’Ambassade vum Ecuador verléisst.