GesondheetsversuergungLëtzebuerg klasséiert sech op Plaz 10

Enger neier Etude no huet Andorra weltwäit di bescht Gesondheetsversuergung. Lëtzebuerg lant op Plaz 10.

Leschten Update: 20.05.2017, 20:49:42

© afp

Andorra huet enger aktueller Etude no déi bescht Gesondheetsversuergung weltwäit. Lëtzebuerg packt et an dësem Klassement op di 10. Plaz, ënner anerem hannert Island, der Schwäiz an Holland. Dat geet aus enger internationaler Etude vun der University of Washington zu Seattle ervir.

D’Enquête hëlt dobäi net d’Gesondheetswiesen vun engem Land als Ganzes ënnert d’Lupp, mee baséiert um Traitement vu bestëmmte Krankheeten, wéi Tuberkulose, Tetanos oder bestëmmte Kriibszorten.

An deenen allermeeschte Länner vun der Welt huet sech d‘Gesondheetsversuergung deemno an de leschte Joeren verbessert.