EschChauffeur war mat Buschmesser an Pistoulen ënnerwee

Zu Esch huet e Mann no engem Accident 2 Polizisten blesséiert. A sengem Auto goufen illegal Waffe fonnt.

Leschten Update: 20.05.2017, 17:25:30

Géint 21h30 dëse Donneschdeg Owend ass enger Policepatrull zu Esch en accidentéierten Auto opgefall, deen an der rue Victor Hugo stoung. Zwee stationéiert Autoen goufen bei Accident mat beschiedegt. Vum Chauffeur huet dunn awer all Spuer gefeelt. Wéi de Mann dunn wéineg méi spéit opgekräizt ass, huet dësen relativ séier ugefangen d’Polizisten ze attackéieren. Zwee Beamten goufen heibäi blesséiert.

Wéi de Mann festgeholl konnt ginn, goufen am Auto selwer, eng Gaspistoul, e Buschmesser an e Plastikrevolver fonnt, e Permis war allerdéngs net dobäi, där hat de Mann nämlech keen. Déi illegal Waffen goufen confisquéiert, de Verdächtegen koum virun den Untersuchungsriichter.