Söhne Mannheims Concert "Déi jonk Lénk" plangen eng Géigendemo virun der Rockhal

Ënnert dem Motto "Nazien-raus aus de Käpp" wëll d'Jugendorganisatioun "déi jonk Lénk" dëse Samschdeg een Zeechen géint Auslännerfeindlechkeet setzen.

Leschten Update: 21.05.2017, 08:08:14

Als Reaktioun op di geplangten Gedenk-Manifestatioun vun däitsche Rietsextremen muer virun der Rockhal  hunn „déi jonk Lénk“ zu enger Géigendemonstratioun opgeruff. Des Géigendemo soll een Zeechen géint Auslännerfeindlechkeet setzen an vun 18-20h virun der Rockhal sinn.

Hire Protest adresséiert sech och géint den Söhne Mannheims Sänger Xavier Naidoo, deen dëse Samschdeg mat senger Band an der Rockhal optrëtt. An der lescht hat hien jo scho méi oft duerch riets Verschwörungstheorien op sech opmierksam gemaach.