Groussbrand a Londoner-HéichhausBilan vun den Doudegen klëmmt op 12

Zu London ass an engem Héichhaus vu 24 Stäck ee Feier ausgebrach. Dat ganzt Gebai stoung a Flamen. Riets ass vun e puer Doudegen.

Leschten Update: 15.06.2017, 04:41:36

© Giulio Thuburn/AFP/Giulio Thuburn

Bei engem Groussbrand an engem Londoner Héichhaus vu 24 Stäck sinn den Rettungsequippen no op mannst 12 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Op mannst 79 Persoune goufen blesséiert a vill ginn der nach vermësst. 18 Blesséierter schwiewen a Liewensgefor.

D’Pompjeeë sinn dann nach ëmmer amgaangen d’Feier ze läschen dat hënt géint 1 Auer Lokalzäit ausgebrach ass.

D’Gebai mat 120 Wunnengen am Weste vu London stoung komplett a Flamen a riskéiert lo an e Koup ze falen.

Wéi et heescht, sollen sech nach Mënschen an den ieweschte Stäck ophalen.

Ënnert anerem ginn et Zeienaussoen déi mellen, dass Persoune souguer aus Panik aus dem Héichhaus erausgespronge sinn, respektiv verzweiwelt Elteren, déi hir Kanner zur Fënster eraus gehäit haten.




De Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan huet iwwerdeems gefuerdert, dass déi offensichtlech Problemer beim Brandschutz vum Gebai misste gekläert ginn. 



© afp