Ëmfro130 km/h op der Autobunn geet der Majoritéit duer

130 km/h op den Autobunnen - jo oder nee? D'Vitesselimitatioun op 150 km/h op den Autobunnen erhéijen - jo oder nee? TNS Ilres huet nogefrot.

Leschten Update: 16.06.2017, 10:33:34

© tns ilres

Wat hal dir vun den Vitesse-Limitatiounen op eisen Autobunnen?

Dës Fro huet d’TNS Ilres de Residenten hei am Land gestallt.

Deemno wier all zéngten Awunner dofir, déi zoulässeg Héchstvitesse op den Autobunnen ofzeschafen.

12 Prozent wéilten dat d’Vitesse-Limitatioun vun 130 op 150 km/h erhéicht gëtt.

A 57 Prozent vun de Befrote wëllen dat alles beim Ale bleift. Déi meescht fannen also dat 130 km/h an der Rei ass.

Ee Véirels vun de Leit huet sech iwwregens dofir ausgeschwat, Ofschnëtter wéi an Däitschland ze hunn, wou et keng Vitesse-Limitatioun gëtt.


© tnsilres