MeteoluxKnëppelsténg an Donnerwieder am Norden

Bis um Donneschdeg den Owend huet Meteolux eng Alerte Orange erausginn. Virun allem am Norde vum Land war mat staarkem Reen a Knëppelsténg ze rechnen.

Leschten Update: 16.06.2017, 04:43:49

Himmel iwwer Housen zitt zou© Eldo Mobile Reporter Jeff

Bis um 19h00 bestoung um Donneschdeg d'Gefor op deelweis méi staark Donnerwiederen a Knëppelsténg am Norde vum Land. Am Süde war d'Wieder schonn vun Owes 18h00 un ofgeschwächt, esou Meteolux.
 
Géint 21h00/22h00 war d'Wieder a ganz Lëtzebuerg nees méi roueg. Am Verlaf vum Owend blouf et dann effektiv dresche bei maximal 14 Grad.

© AFP/File/Christophe Simon