CSV-ProposeMini-Schueberfouer zu Esch?

Esch/Uelzecht kéint eng eege Fouer kréien, dat huet de Gemengerotsmember Georges Mischo e Freide confirméiert.

Leschten Update: 18.06.2017, 16:10:32

© eldoradio

Wéi d'Lëtzebuerger Wort en Freide mellt soll no enger Gemengerotssëtzung zu Esch d’Iddi vun enger méi grousser Kiermes an der Gemeng opkomm sinn. De CSV-Politiker Georges Mischo hat dëst proposéiert.

Bis ewell gëtt et zu Esch jo ëmmer 2 mol am Joer eng Kiermes op 2 Plazen. D’Kiermes während Ouschteren op der Place des Remparts an op der Viktor Hugo Plaz an d’Kiermes während der Päischtvakanz beim Hôtel de Ville a um Boulevard Prince Henri.

D’Iddi vun der CSV wier et soumat déi 4 kleng Kiermesen zu enger grousser Kiermes zesumme verschmëlzen ze loossen.

Wou se géif hikommen ass een sech nach net sécher. 3 Plaze schwiewen der CSV hei vir. Den Zentrum beim Hôtel de Ville, dem Parking nieft dem Justizgebai an d’Strooss virum Akafszenter Marco Polo.