Frankräich"En Marche" gewënnt kloer d'Parlamentswalen

Dem Macron seng Partei "En Marche" huet d'Parlamentswalen a Frankräich kloer gewonnen.

Leschten Update: 20.06.2017, 08:00:11

© POOL/AFP/CHRISTOPHE ARCHAMBAULT

6 Wochen nodeems den Emmanuel Macron als neien franséischen President ervirgaangen ass, kann och seng Partei "La République en Marche" eng kloer Victoire erreechen.

© afp


Zesumme mam MoDem vum François Bayrou kënnt dem Macron seng Partei op 359 Sëtz vun am Ganzen 577. Dat geet duer fir  de Wee fräi fir d’Reformen ze maachen, déi de Macron wëlles huet.

A Punkto Walbedeelegung louch een am 2. Waltuer op engem Rekorddéif an mat 43% nach ënnert dem Taux vum 1. Walgang.