Tëscht Lampech a Schuller36 Joer al Fra stierft bei Frontalkollisioun mat engem Bam

E Chauffer huet um Sonndegowend d'Kontroll iwwert säi Won verluer a krut mat voller Wucht e Bam ze paken. Eng Fra vu 36 Joer ass ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 20.06.2017, 12:48:15

© Police

Zu engem déidleche Verkéiersaccident koum et e Sonndeg den Owend tëscht Lampech a Schuller.

En Automobilist deen aus Richtung Lampech koum huet an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass praktesch frontal an e Bam gerannt.

© Police

De Chauffer gouf schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht. Eng 36 Joer al Bäifuererin huet dat ganzt net iwwerlieft an ass nach op der Plaz vum Accident verscheet.

Wéi et genee zu dësem Accident komme konnt, muss nach gekläert ginn, de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D’Streck gouf fir den Trafic gespaart. 

© Police