LondonAttack war geziilt géint Mosleme geriicht

Zu London ass ee Mann mat engem Mini-Van an e Grupp Mënsche gefuer. 1 Persoun ass ëm d'Liewe komm, 10 weiderer goufe blesséiert.

Leschten Update: 20.06.2017, 09:58:34

© AFP/Daniel LEAL-OLIVAS

D'Attack virun enger Moschee zu London war den Ermëttler no geziilt géint Mosleme geriicht.

Dem Chef vun der Police no géif een de Fall wéi een Terror-Akt behandelen.

D'Premierministesch May huet d'Dot veruerteelt. Zil vun der Gewalt wieren alt nees normal an onschëlleg Bierger gewiescht. D'Land wäert sech doduerch awer net spalte loossen an decidéiert géint Terrorismus an Extremismus virgoen.

Beim Täter soll et sech ëm een 48 Joer ale Wäissen handelen. Hien hat déi lescht Nuecht beim Finsbury Park ee Mini-Van an eng Mënschemass gestéiert. Dobäi goufen 10 Persoune blesséiert, ee Mann ass gestuerwen. Ob hien duerch d'Auto-Attack ëm d'Liewe komm ass, ass dem Scotland Yard no nach net gekläert.