BréisselFalsche Bommenalarm um Fluchhafen Zaventem

Eng bis ewell nach onbekannte Persoun huet op enger Toilette um Fluchhafen e Message hannerlooss... Doropshi gouf de Fluchhafen ofgespaart.

Leschten Update: 20.06.2017, 08:00:09

© JASPER JACOBS / BELGA / AFP

Um Bréisseler Fluchhafen Zaventem koum et e Sonndeg den Owend zu engem falsche Bommenalarm. Op enger Männertoilett am Fluchhafe gouf wéi et heescht eng suspekt Noriicht fonnt, wouropshinn e Sécherheetsperimeter opgeriicht gouf.

D’Autoritéiten hätte bis an d’Nuecht eran no méigleche verdächtegen Objeten durchsicht. Wéi et heescht, gouf näischt fonnt. Wat de Contenue vun der Noriicht war, wollt d’Police net matdeelen. D’Police geet dovunner aus, dass eng Persoun gemengt huet missten de Geck ze maachen.

Wéi et heescht hat dat ganzt keen Afloss op de Fluchverkéier.