Internet-KriminalitéitËmmer méi sexuell Abuse vu Kanner via Internet

D'Agence Europol warnt virum sougenannte „Webcam blackmailing“ a „Sextortion“ vu Kanner um Internet.

Leschten Update: 20.06.2017, 12:47:51

© LIONEL BONAVENTURE / AFP

An engem rezente Bilan vun Europol warnt d'Agence virun Zwang an Erpressung vu Kanner um Internet. An de leschte Jore wiere Praktiken ewéi déi sougenannte „Sextortion“ bei där iwwer Internet sexuell Faveure vum Affer gefrot ginn oder nach de „Webcam blackmailing“ bei deem d'Affer dozou bruecht gëtt, fir sech virun der Webcam auszedoe staark an d'Luucht gaangen.

586 Fäll vun esou Praktike goufen d'lescht Joer zu Lëtzebuerg gemellt an 351 Fäll goufen un d'Police weiderginn, well se als illegal agestuuft gi sinn, esou d'Barbara Gorges Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon.

Am Europol-Rapport, deen um Méindeg publizéiert ginn ass heescht et, dass et Fäll ginn an deene Kanner vu 7 Joer Affer vun esou Praktike gi sinn. Dobäi komme Fäll, an deene Kanner och finanziell via Internet erpresst oder dozou verfouert gi sinn, den Erpresser Suen ze ginn.

Suerge mécht de Responsabele vum Rapport och, dass den Trend dohi geet, dass d'Gangster probéieren d'Kollegen oder Familljemember vum Affer virun d'Kamera ze kréien. Domat wieren dann och Kanner a Gefor, déi u sech kee Kontakt mam Internet hunn oder just op séchere Säite sinn. Déi psychologesch Auswierkunge sinn dobäi grouss, esou de Rapport weider. Vill Fäll géifen awer guer net gemellt ginn, well sech d'Kanner entweder net bewosst sinn, dass se Affer vun engem Verbrieche gi sinn oder well se sech fir eventuellt Material, dat opgeholl ginn ass schummen.

De Message vun Europol ass deemno kloer: Et sollt ee bei enger Erpressung net bezuelen an sech net schummen de Fait der Police ze mellen. Iwwerdeems sollt een och näischt um Computer läsche fir keng Beweiser ze zerstéieren, et der Police mellen an d'Kommunikatioun mat der Persoun stoppen.

Iwwerdeems géif och de sougenannte Sexting bei Jugendlechen an Erwuessenen zu Lëtzebuerg ëmmer erëm zu Erpressunge féieren, esou d'Barbara Gorges Wagner nach.

Lauschtert hei de ganze Reportage: