STATECËmmer méi auslännesch Awunner zu Lëtzebuerg

Iwwer d'Halschent vun de Leit déi an der Stad wunne sinn Auslänner.

Leschten Update: 20.06.2017, 12:47:56

© EMMANUEL DUNAND / AFP

Enger rezenter Etüd vum Statec no klëmmt d'Zuel vun den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen ëmmer weider a läit de Moment bei 48% vun der Gesamtzuel vun den Awunner.

D'Portugise maachen dobäi mat 34,6% dee gréissten Deel vun der auslännescher Bevëlkerung aus. D'Fransouse sinn awer deen Deel, deen am séierste Gewuess ass.

Donieft ginn et bal 170 verschidden Natiounen hei am Land. D'Stad ass dann déi Gemeng, déi am meeschten auslännesch Awunner huet, 65% vun de Stader hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. 18 Gemengen hunn iwwerdeems eng Iwwerrepresentatioun vun auslänneschen Awunner, dorënner d'Stad, Iechternach, Wolz an Ettelbréck.

Op der anerer Säit sinn et eng 20 Gemengen an deene manner wéi 24% vun den Awunner Auslänner sinn.

Hei geet et bei de Rapport!