BartrengTrakter a Vollbrand

An der Mëttesstonn goufen d'Beruffspompjeeën aus der Stad op een Trakterbrand op Bartreng geruff.

Leschten Update: 20.06.2017, 09:58:38

© Facebook / Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg

Um 11h54 goufen d'Stater Beruffspompjeeën op Bartreng geruff. Dat wéinst engem Trakter dee gebrannt huet. De Bauer hat bei senger Aarbechtsmaschinn eng Dampentwécklung am Motorraum festgestallt. Hien huet direkt versicht de Brand ze läschen, ouni Succès. Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukoumen, stoung den Trakter well a Vollbrand.

D'Pompjeeën konnten d'Feier du séier läschen.

© Facebook / Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg