Schoulfräi bei HëtztGemengen decidéiere fir sech

Bei ze héijen Temperaturen entscheet net de Ministère mä déi jeeweileg Gemeng ob d'Schoulkanner fräi kréien.

Leschten Update: 21.06.2017, 18:08:12

© AFP/PASCAL GUYOT

Wéi d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg de Méindeg op Facebook matgedeelt huet, kréien d'Schoulkanner aus där Gemeng fräi, wann d'Temperaturen dës Woch op iwwer 35 Grad klamme sollten. Et soll jo z.B. dëse Donneschdeg bis zu 37 Grad waarm ginn a vill Kanner aus anere Gemengen hoffen natierlech, dass och si fräi kréien. Ma wéi ass dat iwwerhaapt zu Lëtzebuerg gereegelt.

E Gesetz gëtt et net, vu wéi vill Grad un d'Kanner fräi kréien an u sech läit d'Decisioun och net beim Educatiounsministère, esou de Pierre Reding, Premier conseiller de gouvernement am Educatiounsministère.

Et sinn d'Gemengen, déi fir sech entscheeden, ob d'Konditiounen en normale Cours zouloossen oder net.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Dëst géif fir de Summer awer och fir de Wanter gëllen, esou de Pierre Reding nach. Wichteg wier eben ëmmer, dass d'Gemeng géif kucken, ob d'Course kënnen normal gehale ginn oder net. An dat wier eben am Wanter dacks vun der geographescher Lag vun der Schoul ofhängeg, am Summer awer éischter vun der Infrastruktur selwer.

De Pierre Reding huet iwwerdeems nach betount, dass och wann d'Kanner Schoulfräi hunn dëst net fir d'Léierpersonal gëllt. En Accueil misst deemno ëmmer garantéiert sinn.

Dëst, well een d'Elteren net einfach virun Tatsaache kéint stellen, esou de Pierre Reding nach.