Attack zu ParäisArméierte Mann rennt mam Auto an eng Police-Camionnette

Um Méindeg war een Auto an eng Police-Camionnette gerannt. Et geet ee vun engem versichten Uschlag aus. 4 Familjenmemberen vum Täter goufen festgeholl.

Leschten Update: 20.06.2017, 16:56:47

© AFP/Archives/PHILILPPE HUGUEN

Ee Groussasaz vun der Police gouf et e Méindeg de Mëtten op de Champs-Elysées zu Paräis.

Géint 16h00 ass do een Auto mat voller Absicht, an eng Camionnette vun der Police gerannt.

Den Täter gouf sou schwéier blesséiert dass e kuerz drop gestuerwen ass. Dat huet de franséischen Inneminister Gérard Collomb e Méindeg den Owend géintiwwer der Press confirméiert.

Am Auto goufen ënnert anerem e puer Waffen an eng Gasfläsch fonnt. De franséischen Inneminister Gérard Collomb:

D’Anti-Terror-Sektioun vum Paräiser Parquet enquêtéiert elo.

Wéi et heescht war de Mann der Police bekannt, dat als Persoun, déi als potentiell Gefor fir d’Staatssécherheet gëllt.

Hien soll sech zu Paräis radikaliséiert hunn. Seng ganz Famille soll zu der Salafistenszene gehéieren. 4 vun hinne goufen um Dënschdeg de Muere festgeholl.