Vill Opreegung an de soziale Medien no Nationalfeierdag"Jonk Lénk" reagéieren

F*** de Grand-Duc! F*** Lëtzebuerg! F*** de Kapitalismus! Esou d'Ausso vun déi Jonk Lénk op Nationalfeierdag. No vill Kritik, reagéiere Si elo.

Leschten Update: 27.06.2017, 06:16:13

© Facebook Wee2050/Nee2015

D'Plattform Wee2050/Nee2015 weist sech deels schockéiert iwwer d'Aussoen, déi di "Jonk Lénk" am Kader vun Nationalfeierdag op hirem Facebook-Site gemaach huet.





Hei geet et konkret ëm en Text, deen d'Organisatioun am Kader vun hirem "Antinationale Fest" op Facebook publizéiert huet.

Op dësem Fest ass et virun allem drëms gaangen, zesummen ze feieren, dëst ouni d'Wäerter vun Nationalfeierdag, der Natioun oder eben dem Grand-Duc ze berücksichtegen.








Wou et der Plattform no allerdéngs ze wäit gaangen ass, ass de Fait, dass si sech enger "extremer" an "diffamatorescher" Sprooch géife bedéngen andeems si folgend Aussoe maachen:

Mir feieren haut géint d'Natioun, Monarchie a Kapital

Féck de Grand-Duc!
Féck Lëtzebuerg!
Féck de Kapitalismus!

Kein Gott kein Staat kein Fleischsalat!

(Ausschnëtt aus dem Text um Site vun de jonken
Lénken)

Hei de kompletten Text, ënnert dem Video:




Et ënnersträicht ee weider, dass esou Aussoe Gefor lafe géifen, déi "Jonk Lénk" an e populisteschen an extremisteschen Eck ze drécken.

"Déi Lénk" selwer distanzéieren sech generell vun der Jugendorganisatioun "Jonk Lénk", well dës als autonom an onofhängeg vun der Partei géifen agéieren, op eis Nofro bei "Déi Lénk" hinn. Dëst ënnersträicht d'Jugendorganisatioun och selwer.






D'Plattform Wee2050 / Nee2015 an och aner Politiker weisen awer trotzdem hei indirekt oder direkt mam Fanger op d'Partei "Déi Lénk", déi, der Plattform no, vir hir Jugendorganisatioune responsabel wieren.

© Facebook Wee2050/Nee2015


De Communiqué vun "Jonk Lénk":

Iwwerraschung: Jonk Lénk ass géint Natioun a Monarchie.

Wéinst der Kritik vu Jonk Lénk u Nationalfeierdag huet sech eng gréisser
Zuel u Politiker*innen awer och u FB-Kommentator*innen zu Wuert gemellt.
Et handelt sech jeeweils ëm ee kënschtlecht Opreegen iwwert déi vun eis
verwennte Wierder. Um Enn vun engem vun eise villen Texter zu
Nationalfeierdag hu mir eis Kritik un der Monarchie an dem Nationalstaat
als Géigenruff zum fuerchtbaren "Vive de Grand-Duc a Vive Lëtzebuerg"
zesummegefaasst. Ween sech elo iwwer "Féck de Grand-Duc a Féck
Lëtzebuerg" opreegt weist just, dass hatt*hien sech net mat eiser
inhaltlecher Kritik ausernaner setzen wëll. Et ass eng falsch a spiesseg
Panik.

Mir kritiséieren d'Feier vum Monarche-Gebuertsdag an vun der Natioun,
well et fir eis net richteg ass, dass de Patriotismus gefërdert gëtt, wa
parallel uechter Europa an uechtert d'Welt d'Gefor vum Nationalismus
zouhëllt an Leit géinteneen ausgespillt ginn. Kritik u Patriotismus ass
Flicht, genee sou wéi d'Hiweisen op de Schued an dat Leed, dat
d'Lännergrenzen uriichten. Wa mir soen "Féck Lëtzebuerg" dann fuerdere
mir, dass eng Natioun, eng Nationalitéit, ee Gebuertsuert keng Roll
spillen an net d'Basis sinn däerf fir dat et verschiddene Leit besser
geet wéi aneren. Wa mir soen "Féck de Grand-Duc" dann fuerdere mir, dass
mat deem Kult ronderëm d'Monarchie opgehalen gëtt, deen just den Zweck
huet eng kënschtlech Identitéit fir d'Land ze schafen.

Um Virowend vun Nationalfeierdag hu Jonk Lénk ënnert dem Motto "No
Border - No Nation" een Antinationalt Fest gefeiert. Fir dës Occasioun
gouf dat iwwer 15 Joer eidelstoend Gebai bei der Gantenbeinsmillen a
Stand gesat a fir een Owend besat. Dräi Wochen laang hunn iwwer 20
Membere vum Grupp dorunner geschafft. D'Fest gouf net just zum Ausdrock
vun enger aktiver Géigekultur zu Lëtzebuerg a fir d'Kritik um
Party-Patriotismus, mee huet gewisen, dass Alternativen och praktesch
ëmsetzbar sinn. Och aus der Grenzregioun si Leit op d'Fest komm, zB.
iwwer 30 Leit aus Tréier an eng Band aus Nancy. Déi schwedesch
Hardcore-Band Waste huet extra eng weider Statioun op hirer Europa-Tour
ageluecht fir zu Lëtzebuerg spillen ze kënnen.

Encadréiert gouf d'Fest duerch politesch Messagen. Banneren op de
Fassadë vum Gebai, Texter, Konschtwierker a Gedichter bannen un de Wänn,
Infomaterial (Dorënner eist neit Zine zum Thema Nationalismus
http://jonklenk.lu/wp/index.php/2017/06/24/zine-nationalismus-grenzen-a-patriotismus/
), politesche Statements déi verlies goufen an ee Konzept, wat eise
Virstellunge gerecht gouf: Vegant Iessen, Gratis Entrée,
Anti-Sexismus-Sensibiliséierung.

Dass kaum vu Medien a Politik op eist Fest selwer reagéiert gouf wor
ofzegesinn. Dass elo awer eng gréisser Zuel vu Politiker*innen a Medien
sech iwwert de Wee vun engem Facebook-Post vum nationalistesche Grupp
"Nee2015" fir véier, aus dem Kontext gerappte Wieder, aus engem vun
eisen Texter interesséieren, ass lächerlech. Et weist, dass et a ville
politesche Lager (vum Marc Ruppert iwwert de Fränk Kuffer bis zum
Fernand Kartheiser) dorëms geet, sech als Patriot*innen z'inszenéieren a
beim rietse Wahlvollek ze punkten. Doduerch gëtt den politeschen Diskurs
insgesamt no riets gezunn, eng Tendenz, déi een zanter dem Referendum
vill méi dax bemierkt.

Mir si sécher, dass d'Diskussioun ausserhalb vun deenen mediatiséierten
Politiker*inne-Kommentarer wesentlech méi Déift kritt. Vill Leit wëssen,
dass et mat Nationalismus och hei keng Zukunft gëtt.