Muller Vs ČilićX. Bettel op der Plaz fir de "Mulles" ze ënnerstëtzen

No der sensationeller Victoire vum Gilles Muller, ginn déi nächst Matcher vum Muller live op engem groussen Ecran ënnert anerem an der Stad gewisen.

Leschten Update: 12.07.2017, 17:36:13

© Twitter / Xavier Bettel

Wéi d’Stad Lëtzebuerg matdeelt, wäert et no der sensationeller Victoire vum Gilles Muller e Public Viewing an der Stad ginn.

Alleguerten d’Matcher vum Gilles Muller wäerte vun elo un iwwerdroe ginn, dat op der Place d’Armes ëm 14.00 Auer.

Et ass jo bis ewell gewosst, dass de Muller géint 14h (onser Zäit) an der Véirelsfinall e Mëttwoch géint de Marin Čilić wäert spillen. 

D'Kolleege vun RTL wäerten de Match och um 2ten RTL weise.

An och d'Diddelenger an d'Déifferdenger Gemeng hunn annoncéiert, dass d'Véirelsfinall wäert op der Gemengeplaz zu Diddeleng an op der Maartplaz zu Déifferdeng live e Mëttwoch de Mëtten iwwerdroe ginn.



Wéi de Spriecher vum Staatsministère eis da confirméiert huet, wäert de Premier Xavier Bettel sur place zu Wimbledon sinn, dat fir de Nation Branding a fir de Muller moralesch z‘ënnerstëtzen.

© Twitter / Xavier Bettel


Och den Ierfgroussherzog Guillaume huet matgedeelt, datt hie wäert präsent sinn.

 






Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

Wimbledon 2017

Public viewing du quart de finale le 12 juillet 2017 à 14 heures sur la place d’Armes

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que le match qui opposera Gilles Muller à Marin Cilic sera retransmis sur grand écran aujourd’hui, 12 juillet 2017, à partir de 14 heures sur la place d’Armes.

Communiqué vun der Gemeng Déifferdeng

Wimbledon: Public Viewing am Marktplatz

Ganz Luxemburg ist aus dem Häuschen seit Gilles Muller gestern den größten Erfolg
seiner Karriere erlebte und in fünf Sätzen Rafael Nadal bezwang. Aufgrund dieser Sensation hat die Stadt Differdingen entschieden, für das Wimbledon-Viertelfinale-Match zwischen Gilles Muller und Marin Cilic morgen Nachmittag ein Public Viewing auf dem Differdinger Marktplatz zu organisieren. Die genaue Uhrzeit für die Live-Übertragung wird erst morgen feststehen und auf www.differdange.lu bzw. über unsere Facebookseite mitgeteilt.

Wir laden Sie herzlich ein, morgen mit dabei zu sein.

www.differdange.lu
Ville de Differdange