Trageschen Accident an den USA14 Joer alt Meedche stierft wéi Handy an d'Bidde fält

Den Handy houng un der Steckdous an ass dunn an d'Bidde gefall. Et ass net deen éischten Doudesfall duerch Handyen an der Bidden.

Leschten Update: 12.07.2017, 19:02:46

© Presley Fowler KCBD

Zu Lovington am US-Bundesstaat New Mexiko ass de Sonndeg e 14 Joer alt Meedche wéinst engem Stroumschlag ëm d'Liewe komm well en Handy, deen un der Steckdous houng an d'Bidde gefall ass.

Dem texaneschen Tëleessender KCBD no wier nach onkloer, ob d'Meedchen den Handy grad wollt uschléissen, oder ob e schonn um Stroumnetz houng. D'Famill vum Meedche wëllt deemno elo iwwer d'Geforen opklären, déi elektresch Geräter an Zesummenhang mat Waasser kënnen hunn.

Et ass net deen éischten Doudesfall vun där Zort: Och an Éisträich war dëst Joer schonn eng 20 Joer al Fra ëm d'Liewe komm, well hir den Handy an d'Bidde gefall war. Och dee war un eng Steckdous direkt nieft der Bidden ugeschloss.