Nei Petitiounen fir z'ënnerschreiwenMotocycliste sollen am Stau iwwerhuelen dierfen

Nei Petitiounen kënne vun elo un's um Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Dat bis den 28. August.

Leschten Update: 17.07.2017, 20:02:39

© PATRICK BERNARD / AFP

An der zoustänneger Petitiounskommissioun goufen de läschte Mëttwoch nei Petitiounen ugeholl, déi vun dësem Méindeg un's um Site vun der Chamber ënnerschriwwe kënne ginn. Dat bis den 28. August.

D’Petitioun 822 wëll zum Beispill eng Ännerung am Code la Route. Sou soll et den Motocyclisten erlaabt sinn, am Stau laanscht d’Autoen ze fueren, wa genuch Ofstand dotëscht ass. 

D'Petitioun 824 wëll d'Verréckele vum Datum vun den Noexame fir d'Ofschlossklassen am Enseignement Secondaire an Secondaire technique. Dat fir déi Schüler déi d'Noexame packen fir dat dës da méi Zäit hunn sech op méiglech Studien virzebereeden.

D'Petitioun 827 wëll dat den ëffentlechen Transport gratis ass fir Chômeuren.

Links