ATP RankingGilles Muller elo op Plaz 21!

Et ass déi bis ewell beschte Plazéierung a senger Carrière: de Gilles Muller ass am ATP-Ranking elo op der 21.Plaz.

Leschten Update: 31.07.2017, 18:54:02

© Yann COATSALIOU / AFP

An der neier Tennis-Weltranglëscht ass de Gilles Muller elo d’Nummer 21 op der Welt. Hien huet domat nees eng Plaz gutt gemaach. Den Andy Murray ass weiderhin op der éischter Plaz. Dës Woch ass de Gilles Muller beim ATP-Tennis-Tournoi zu Washington am Asaz.