Datenzenter zu LëtzebuergGoogle wier mam proposéierten Terrain averstan

Wéi et heescht, hätt d'Regierung Google eng nei Propose a Punkto Terrain zu Biissen gemaach an et géif een sech bei Google prinzipiell averstane weisen.

Leschten Update: 17.07.2017, 20:02:48

© dpa/AFP/Lukas Schulze

Nei Informatioune ginn et elo a Punkto Google-Datenzenter zu Lëtzebuerg.

Wéi et no der zoustänneger Chamberkommissioun e Méindeg de Muere geheescht huet, wier dem Internet-Gigant elo eng nei Offer zu Biissen presentéiert ginn. Hei gouf et jo bis zum Schluss Sträit wéinst engem klengen Deel um Grondstéck, dat de Proprietaire net wollt ofginn.

Dohier gouf dëst Stéck elo aus dem Projet erausgeholl a Google krut d’Offer elo an enger neier Form virgeluecht. Wéi et weider heescht, géif Google sech mat dësem Virschlag dann och zefridde weisen, wéilt allerdéngs eréischt dann ënnerschreiwen, wann och alles schrëftlech genau festgehale gouf a jiddwereen dee concernéiert ass seng Zouso ginn huet. 

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider géif sech dem Tageblatt no dann och optimistesch weisen, allerdéngs huet och hien nach keng genee Stéchdatumer genannt.