China vs. Winnie the PoohDe giele Bier fir Kanner gouf am Internet verbueden!

Well eng Partie Leit de Geck mam chinesesche President Xi Jinping maachen, gouf de Winnie the Pooh elo kuerzerhand verbueden.

Leschten Update: 18.07.2017, 08:18:14

© TORU YAMANAKA / AFP

Wéi d’Noriichtenagence AFP mellt, gouf de Winnie-Puh, also den Zeechentrick-Bier fir Kanner, a China an de sozialen Netzwierker verbueden.

Wéi et heescht , wier de President Xi Jinping méi dacks modifiéiert als Winnie the Pooh an de sozialen Netzwierker opgedaucht. Hei gëtt dann eng Referenz mam IQ vum President gemaach, dee verschiddenen Useren no ähnlech héich wéi dee vun der Kannerbuchfigur wier.  

Eng offiziell Begrënnung wisou de Bier elo zenséiert gouf a China, konnt d’Regierung net ginn.