Nanzeg (F)En Helikopter deen zu Lëtzebuerg steet ass verongléckt !

En 65 Joer ale Pilot gëtt glécklecherweis nëmme liicht blesséiert, den Helikopter dogéint ass Schrott.

Leschten Update: 18.07.2017, 05:42:36

© peter amighetti

Wéi di franséisch Autoritéite mellen, koum et zu Nanzeg zu engem Accident mat engem Helikopter, deen zu Lëtzebuerg stationéiert ass.

Wéi et heescht gouf de Pilot, e 65 Joer ale Mann vu Nanzeg, glécklecherweis nëmme liicht um Aarm blesséiert.

De Mann selwer soll nach an der Ausbildung fir de Piloteschäi fir den Helikopter gewiescht sinn. Hien selwer koum de Weekend an d’Spidol, beim Helikopter ass en Totalschued entstanen.