Ass de Wollef erëm zeréckEt ginn Indicen zu Garnech, dass d'Déier erëm am Land ass!

8 Schof goufen de Weekend bei engem Bauer bei Garnech gerass. Dat ganzt net wäit ewech vun där Plaz, wou virun 2 Wochen e Wollef soll entdeckt gi sinn.

Leschten Update: 18.07.2017, 14:30:48

© PEDRO PARDO / AFP

De leschte Samschdeg huet engem Communiqué vum Nohaltegkeets- an Ëmweltministère no e Bauer aus dem Raum Garnech op enger Weed 8 Schof fonnt, déi gerass gi sinn. D'Wiss ass nëmmen e puer Kilometer vun där Plaz zu Leideleng ewech, wou viru knapp 2 Woche scho méiglecherweis e Wollef fotograféiert gi war.

De Bauer huet dunn de Samschdeg d'Naturverwaltung kontaktéiert, déi nach Owes mat Experten e puer Stonnen op der Plaz war. Déi hunn DNA-Prouwe vun de Bëss-Spuere gesammelt an d'Ëmgéigend ënnersicht. D'Prouwe ginn dann an den nächste Wochen an Däitschland geschéckt, fir se do analyséieren ze loossen.

E Wollef als potenziellen Agresseur kéint dem Communiqué net ausgeschloss ginn, ma de Ministère erënnert drun, dass och normal Hënn reegelméisseg Schof ugräifen. Ier d'Analysen, déi e puer Woche kënnen daueren do sinn, kéint een awer näischt Weideres soen. 

Wann et sech dann ëm e Wollef géif handelen, da géif de betraffene Bauer awer op alle Fall entschiedegt ginn. Weider heescht et am Communiqué, dass de Wollef schonn zanter ronn 25 Joer erëm an Europa doheem ass. Well en sech am däitsch-polnesche Raum an am franséische Grenzgebitt och erëm méi blécke léisst wier et just eng Fro vun der Zäit gewiescht, bis en och hei erëm heemesch gi wier. 

An da weist de Ministère nach dorop hin, dass Wëllef relativ schei Déiere sinn, déi de Kontakt mam Mënsch vermeiden. Kontakter wieren deemno seelen, ma net onméiglech.