Moto Classic 2017Déidlecht Accident bei enger Motoscourse

De Mann ass bei enger Chutte schwéier blesséiert ginn. De Méindeg de Mueren ass de 54 Joer ale Motocyclist dann u senge Blessure gestuerwen.

Leschten Update: 18.07.2017, 08:18:15

© www.classic-motorrad.de

Op der Rennpiste zu Colmar-Bierg koum et de Sonndeg de Mëtteg während enger Motorradscourse, der Moto Classic 2017, zu engem Accident.

Do war e 54 Joer ale Motocyclist aus Däitschland gefall. De Mann gouf liewensgeféierlech blesséiert.

De Parquet gouf informéiert an d'Motorrad saiséiert. Doriwwer eraus gouf e Blutttest ordonnéiert. De Mann ass de Mueren dunn u senge schwéiere Blessure gestuerwen.