Radar-Remorque Éischt Tester vu mobillem Radar

Fir de Moment war et elo mol en Test op der A4. Entwarnung also fir all déi, déi haut sollten do ze séier ënnerwee gewiescht sinn.

Leschten Update: 18.07.2017, 14:45:15

© RTL/ Domingos Oliveira

Policeinformatiounen no gouf de Méindeg am Nomëtteg déi éischte Kéier en neie mobille Radar op der A4 a Richtung Esch getest.

Et handelt sech dobäi ëm eng Radar Remorque, an där de Radar dann integréiert ass. Domat ass e relativ einfach ze deplacéieren.

Den Apparat kann direkt e puer Stonnen operationell bleiwen an en huet domat e groussen Aktiounsradius.

© RTL/ Domingos Oliveira


Op Nofro bei der Police war et de Méindeg awer wierklech just en Test, wann ee sollt geblëtzt gi sinn muss een sech zumindest fir de Moment nach keng Suerge maachen.

Et wéilt een elo mol kucken, ob dëse Radar eppes fir Lëtzebuerg ass, ob en an d'Verkéierskonzept passt a wéi et mat eventuelle Manipulatiounen ausgesäit.

© RTL/ Domingos Oliveira


© RTL/ Domingos Oliveira