RappellGratis ëffentlechen Transport fir Studente vum 1. August un

Studente spueren domat déi 75 Euro, déi se bis elo hu misste bezuelen fir den ëffentlechen Transport notzen ze kënnen.

Leschten Update: 18.07.2017, 08:18:17

© Mmkay

Aus der Chamber war et de Méindeg nach emol de Rappell, dass vum 1. August den ëffentlechen Transport fir Studenten zu Lëtzebuerg gratis ass. Dëst gëllt fir Studente bis zum 30. Liewensjoer a fir Schüler oder déi, déi eng Léier maache, bis zum 20 Liewensjoer. Natierlech brauch een en „Tritre de Transport“, ma dee ka ganz einfach mat der Carte d'Identitée oder engem Universitéits-Certificat ugefrot ginn.