Net ophiewen, net zeréckruffenOch um Dënschdeg gouf et weider Uriff am Grand-Duché

De Méindeg war et jo eng Schwäizer Nummer, haut goufen dann och Uriff aus Vietnam, Tonga, Kanada, Schwäiz an den USA gemellt.

Leschten Update: 04.08.2017, 10:45:54

© Eldoradio

Der Police goufen den Dënschdeg weider Fäll gemellt an deene Leit zu Lëtzebuerg vu friemen Nummeren aus dem Ausland ugeruff kruten. Dorënner sinn Nummeren aus der Schwäiz, Vietnam, Tonga, Kanada, an den USA.

D'Police réit dann och do net opzehiewen, wann ee vun esou Nummeren ugeruff kritt an och op kee Fall zeréckzeruffen. Et géif sech dobäi ëm Nummeren handelen, bei deenen ee misst bezuelen.

© Facebook

Generell recommandéiert d'Police nach kenger onbekannter Nummer aus dem Ausland opzehiewen, wann een net op en Appell waart oder eventuell Leit kennt, déi sech do ophalen.